|
|
|
|
|
KonzeptDen ACEL Studentebal ass kee Bal wéi all déi aner. Et ass De Studentebal vum Joer an d'Konzept ass dofir och ganz speziell. Hei sinn méi wéi 20 Studentecercelen aus ganz Europa vertrueden, déi matt "lokalen" Gedrénks-Spezialitéiten a kreativer Dekoratioun hir Stad vertrieden. Do fënnt een dann niewent deenen normale Gedrénker sou exotesch Saache wéi de "Vodka-Schnee", eng "Loony Flammingo" oder en "Royal Delight" an dat zu studentegerechte Präisser! Den ACEL Studentebal ass déi ideal Plaz fir an engem relaxe Kader Erfahrungen an Erënnerunge ronderëm d'Studenteliewen auszetauschen a mat Kollege gutt ze feieren. A fir dass och wierklech kengem d'Zäit ze laang gëtt (bis an di fréi Moiesstonnen!), wäerten och dëst Joer nees e puer Iwwerraschunge parat stoen. |
|
|
||